Mir


ORGA50 ass eng web-baséiert Plattform, déi déi alldeeglech administrativ Aarbecht an d'Online-Präsenz vu Veräiner, Gemengen an Entreprisen vereinfacht an méi effizient gestallt.

Administratioun
Virtuell Präsenz
Marketing
Nei Memberen

Stonnen Aarbecht
spuere mir all Veräin am Joër

Duerch eis Outil'en spueren Associatiounen, déi gréisstendeels op Benevolen ugewise sinn, wäertvoll Zäit an virun allem Aarbecht, a kënnen sech esou op daat konzentréieren waat der Gesellschaft am meeschte bréngt.

Eis Servicer

Websäit

Eng modern an innovativ Websäit, déi einfach ze benotzen ass an déi all déi erfuerderlech Funktioune fir eng professionell Ausriichtung mateneen verbënnt.

Als Standard, bidde mir eng Template-Websäit un, déi et Iech erméiglecht all Informatiounen am Zesummenhang mat Ärer Associatioun oder Ärer Entreprise fir den Public zougänglech ze maachen. En personaliséierten Design fir Är Websäit ass géint en Opräis erhältlech.

Member-Management

Eng vun den Haaptfunktiounen ass de Member-Management. Dës Funktioun gëtt Iech d’Méiglechkeet all Är Memberen oder Client’en an enger Datebank opzelëschten, hier Kontaktinformatiounen ze geréieren an einfach mat hinne via Messaging-Tool oder Mail a Kontakt ze trieden. Dës Funktioun kann optional duerch en Chat-Room erweidert gi fir Ärer Associatioun eng beschtméiglech Kommunikatioun mat hire Memberen ze erméiglechen.

Cotisatiouns-Management

E gudden an iwwersiichtleche Komptabilitéit-System ass vun enormer Bedeitung fir eng Associatioun, e Veräin oder eng Entreprise. Dofir ass en héichsecuriséierten Ofwecklungssystem wat d’Cotisatiouns-Paiementer ugeet, op der Orga50-Plattform integréiert, deen Iech et erméiglecht vill Zäit ze spueren.

Kalenner

De Kalenner-Tool erméiglecht Iech et all relevant Versammlungen oder Evenementer ze späicheren an ervirzehiewen. Dës Datumer kënnen entweder intern mat engem ausgewielte Grupp gedeelt ginn oder awer op der Websäit publizéiert ginn

Social Media Management

Déi sozial Medien spillen ëmmer méi en grousse Rôle bei der Vermaartung a beim Unzéie vun neie Memberen a Client’en. Mee oft ass de Social-Media- Management zäitintensiv a komplizéiert ze geréieren. Mat eisem System kënnen Är importéiert Inhalter vun der Websäit wéi Foto’en, Video’en oder News automatesch mat Äre Social-Media-Accounts synchroniséiert ginn.

Presslink

Duerch d’Presslink-Funktioun kënnen Artikelen aus der lokaler Press, an deenen Äre Veräin oder Är Entreprise ernimmt gi, voll-automatiséiert op Ärer Websäit affichéiert ginn

Orga50

  • Websäiten
  • Mobile Apps
  • Memberverwaltung
  • Cotisatiouns-Verwaltung
  • Kalenner
  • Soziaal Netzwierker
  • Presse-Verbindung
  • Photo'en, Video'en, Dokumenter
  • Finanzen

Fir Gemengen

Elo kann all Gemeng hier lokal Veräiner ënnerstëtzen.

Packagen fir Gemengen

Orga50 bitt Gemengen moßgeschneidert Packagen un, déi et hinnen erlaben hier lokal Associatiounen a Veräiner ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg d’Kommunikatioun mat hinnen ze verbesseren. Keng aner Institutioun fërdert de sozialen Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft esou stark wéi eis kulturell a sportlech Associatiounen. Mat Orga50 hunn d’Gemengen endlech dee perfekte Partner fir hier Associatiounen ze ënnerstëtze soudass d’Zesummeliewen an d’kulturell Entwécklung vun eiser Gesellschaft gefërdert gëtt.

Gemenge-Portal

D’Gemengen-Portal ass mat all de Websäite vun de lokalen Associatiounen a Veräiner verbonnen a gëtt doduerch permanent voll-automatesch mat den neisten Noriichten an Events à jour gesat. D’Portal ass also en zentraalt interaktivt Element, wat all déi wichteg an neisten Informatioune vun der Gemeng an hire lokale Veräiner an Associatiounen op enger Plaz zesummebréngt. Esou bréngt d’Orga50-Gemengen-Portal et fäerdeg d’Gemengen, d’Veräiner an d’Bierger mateneen ze verbannen.

Gemengen

  • Hesper
  • Strassen

Kontaktéiert ons

Info & Renseignementer

(+352) 621 815 805
info@orga50.com

Customer Support

(+352) 621 677 750
help@orga50.com

Press